De Schrëftsteller Antoine Volodine huet eng ganz eege Welt geschaf, an där hien ënner verschidden Nimm Bicher verëffentlecht: Hien ass och nach de Lutz Bassmann, den Eli Kronauer, de Kollektiv Infernus Iohannes an d'Manuela Draeger. Ënner dem Numm Manuela Draeger verëffentlecht hien elo säin 48. Buch - wat ëmsou méi spannend ass, well mat 49 Bicher säi Wierk definitiv ofgeschloss wäert sinn. Wat genee ee sech ënner dem Volodine senger Welt vum Postexotismus virstelle kann a wéi eng Plaz der Manuela Draeger hire Roman "Arrêt sur enfance" doran huet, verréit eis de Jeff Schinker a senger Rezensioun.