Kee Summer ouni Kolla? Den alternative Musek- a Konschtfestival war 10 Joer laang, als Openair, am Stengeforter Bësch, dunn am Park zu Miersch ... 2025 war laang net gewosst, op de Kolla-Kollektiv eng adaptéiert Plaz fir d'Evenement fannen an accordéiert kréie géif. Mee dach: dëse Weekend, also vum 5. bis de 7. September, ass de Kolla am Hollerecher Schluechthaus! Dir kennt eisen 100,7-Soundatlas? An dëser Rubrik presentéiere mir Iech eenzel Geräischer, huele se ausenaner, hannerfroen se. Wat dat mam Kolla ze dinn huet? Dat héiert Dir vum Kerstin Thalau a vum Joé Birchen.