Leschte Freideg den Owend war an de Rotonden de Startschoss fir de Museksfestival Congés annulés. Et geet Schlag op Schlag mat de Concerte bis Enn August an och haut den Owend (30.7.) gëtt et zu Bouneweg live Musek, dës Kéier net aus Kanada, de UK oder Uganda, mee vun hei. Et spillen déi Lëtzebuerger Math-Rocker The Cookie Jar Complot, an dat mat neie Songs a mat Special Guest: d’Gewënnerin vum Screaming Fields dëst Joer,d’ Emeraude Stone, spillt mat. Mir hate scho virun engem Mount op dee Concert agelueden an haten all d‘Museker:innen zesummen am Studio. De Marc Clement huet d‘Gespréich geleet.