Ënnert de sëlleche politeschen Instrumenter setzt d'Europäesch Unioun Wirtschaftssanktiounen an, zum Beispill géint Russland als Reaktioun op d'Invasioun vun der Ukrain. Uviséiert ginn och Eenzelpersounen. Wärend laang Individuen aus Drëttstaaten ënner Strof gestallt gi sinn, betrëfft dat zënter kuerzem awer och EU-Bierger.
Firwat dës Entwécklung problematesch ass, erkläert de lénken éisträichesche Publizist Hannes Hofbauer a sengem Buch "Aller Rechte beraubt. Mit aussergerichtlichen EU-Sanktionen zum autoritären Staat" (Promedia Verlag).
Op der Leipziger Buchmesse huet de Michel Delage mam Hannes Hofbauer geschwat.