De Raymond Daniel Manzarek, oder besser Ray Manzarek, ass en amerikanesche Museker, Sänger, Produzent, Filmregisseur an Auteur. Bekannt gouf hien awer als Grënnungsmember, musikalesche Kapp a Keyboarder vun der Rockgroup The Doors ronderëm hire mystesche Sänger Jim Morrison. De Ray Manzarek huet vun 1965 bis 1973 säi speziellen Uergelsound bei den Original-Doors gespillt. Hie war et och, deen 2001 Doors vum 21. Joerhonnert lancéiert huet, eng Grupp, déi a Riders on the Storm ëmbenannt gouf. Virun 80 Joer gouf de Ray Manzarek gebuer, an hien ass den 20. Mee 2013 gestuerwen. De Jean Claude Majerus erënnert un de Museker.