D’Facette vun der traditioneller Drockkonscht gräifbar maachen, haaptsächlech se engem jonke Public iwwerhaapt emol méi no ze bréngen: dofir maachen sech di ronn 40 Membere vum Printatelier “Empreinte” aus dem Rollengergronn staark. Zum Beispill andeems se Ausstellungen organiséieren, wou een hier Drockkonscht net just gesinn, ma se an Atelieren och konkret erliewen a kreativ entdecke kann. Esou zum Beispill momentan am Ettelbrécker CAPE. Eng vun den Empreinte-Kënschtlerinnen, déi bei der Expo “Printmakers’ Square” mat dobäi ass, ass d’Anneke Walch. Vu datt hier CAPE-Contributioun d’Kerstin Thalau nawell intriguéiert huet, wollt et vun der Anneke Walch méi dozou gewuer ginn.