E Papp sicht seng Duechter an der marokkanescher Wüst a fënnt eng Zort Ersatzfamill an der Gesellschaft vu marginaliséierte Mënschen, déi an der Rave-Party hire leschten Auswee gesinn, eng Mamm huet hir Duechter verluer a fënnt onerwaart Ersatz an der Form vun enger Pianistin, déi en Autosaccident iwwerlieft huet – an eng aner Fra riskéiert, duerch hir Scheedung hire Ruff ze verléieren. A "Sirât" vum Oliver Laxe, zu Cannes mam Prix du Jury ausgezeechent, am Christian Petzold sengem "Miroirs No. 3" an iergendwéi och am Simon Curtis sengem "Downton Abbey: The Grand Finale" geet et em Verloscht, Ofwiesenheet an Trauer. D'Valerija Berdi an de Jeff Schinker beschwätzen déi dräi Filmer.