“Et war emol....a wa se net gestuerwe sinn”: dat geet fir eng gutt Geschicht net duer. D’Essenz ass d’Handlung dertëscht, respektiv den Handlungsoflaf, op englesch “Storylines”. Mam Titel “Storylines” sinn eng hallef Dose Fotoexpoen am ëffentleche Raum zu Klierf iwwerschriwwen, dat well dës Billersérië vum Liewen, vu Wandel an Emotiounen zielen, an esou fir nei Geschichten an eise Käpp suerge sollen. Zanter dem Vernissage de leschten Hierscht hate mir iech e puer vun de Kënschtler hannert de Fotoe virgestallt. Vu datt dir elo just nach 5 Deeg, also bis den 31. Mee, hutt, fir d’Expoen ze gesinn, an d’Kerstin Thalau dës Geschicht och op e “gutt” Enn brénge wollt, hëlt et iech eng leschte Kéier mat op Klierf.