Bis de fënneften Oktober sinn di renomméiert Rencontres internationales de la photo d‘Arles, an duerch den Asaz vun der Lët’z-Arles-ASBL ass Lëtzebuerg scho fir di aachte Kéier mat dobäi. Bedeit, datt di Lëtzebuerger Multimedia-Kënschtlerin Carine Krecké am Zentrum vun Arles hire konzeptuelle Projet “Perdre le Nord” presentéiert, bedeit awer och, datt d’Marie Capesius d’Zouso fir eng Arles-Kënschtlerinneresidenz vu véier Méint krut. An net nëmmen dat: si dierf nächst Fréijoer nach emol hannescht a si wäert di nächst zwee Joer bei hire kënschtleresche Fuerschungen Ënnerstëtzung kréien. Wat bis ewell dobäi erauskomm ass, huet si dem Kerstin Thalau, an hirer Residenz zu Arles, gewisen an erkläert.