De Richard Galliano ass professionellen Akkordeonist a scho méi wéi 50 Joer op der Bün. Mat 74 Album-Produktiounen zielt hien zu den aktuelle Weltakkordeonisten. Net nëmmen huet hie Generatioune vu Museker:inne Joerzéngte laang gepräägt, mee och vill fir d'Entwécklung an d'Akzeptanz vum Instrument a verschiddene Genrë wéi dem Swing, Jazz, Tango oder sengem eegene Stil, der Neier Musette gemaach. Grouss Museker wéi den Astor Piazzolla hunn zu sengem enke Frëndeskrees dozou gehéiert.
Haut den Owend, den 02. Juni 2025, kënnt de Museker fir ee Concert zesumme mat de Solistes Européens, Luxembourg op de Kierchbierg an d'Philharmonie. De Lex Kauffmann vum opus 100,7 huet sech an deem Kader mam Museker iwwer seng Karriär ënnerhalen.