Sinn ech Europäer:in a wa jo wéi vill? Respektiv: Wat bedeit et Europäer:in ze sinn? Sechs Stereotyppen zirkuléieren an deem Kontext: europäesch géif fir national/al/chrëschtlech/räich/wäiss/kultivéiert stoen. D’Expo “Pure Europe” am Lëtzebuerg City Museum hannerfreet dës Notiounen. A fir den Europawale-Weekend geet d’Ekipp vum Musée nach e Schrëtt méi wäit an invitéiert op hiren drëtten Urban History Festival, méi konkret op Bouneweg: fir si de multikulturellste Quartier vun der Stad. D’Kerstin Thalau huet d’Kyra Thielen an de Boris Fuge vum Stater Geschichtsmusée an de Studio invitéiert, fir méi doriwwer gewuer ze ginn.