All fënnef Sënner matenee verbannen - dat mécht een net bewosst an net all Dag. Beim nächste Concert vum Ensembel United Instruments of Lucilin an der Fondation Valentiny zu Rëmerschen de Sonndeg 13. Juli gëtt et net nëmmen Nei Musek vum US-Amerikaner Aaron Einbond ze genéissen, mee gläichzäiteg och ee 4-Gäng-Menü als Mëttegiessen. Dee gëtt op der Plaz zesummegestallt vun de Chefkäch Carlo Sauber an Thomas Murer an der Ekipp aus dem Bouneweger Lycée. Do gëtt de Carlo Sauber schonn zanter 28 Joer seng Passioun vum Kachen un déi méi Jonk weider.
Am Gespréich mam Marie Schockmel verroden de Chefkach an de Komponist, wéi et zu der aussergewéinlecher Kollaboratioun fir de Concert vu Lucilin koum, wat si bis elo iwwerrascht huet, a wat hinnen am meeschten dru gefält.