“Beim Flughafen zum Doktor”, dësen Titel huet de Peter Feist gewielt, fir säin Artikel iwwer d’FindelClinic, déi den 2. Mäerz soll opgoen. Hire Loyersmodell fir Dokteren an Doktesche géif Ureizer setzen, fir sech um System ze zerwéieren, heescht et.
Ëm eng aner Affär geet et haut am Lëtzebuerger Journal: d’Affär ëm contaminéierte Mëllechpudder fir kleng Kanner. Aus Siicht vun der Oppositioun géif de Kontrollsystem net duergoen.
Am Lëtzebuerger Wort kënnt déi fréier Wäikinnigin Zoé Schoeben zu Wuert. Heiansdo hätt si sech wéi eng Marionett gefillt, seet si, nodeem si sechs Joer laang déi Lëtzebuerger Wäiner representéiert huet. Si schwätzt vun “interessante Kontakter”, mee och vun “Drock” a vu “problemateschem Alkoholkonsum”.