De Carlos Ferreira an de Pedro Emanuel Pereira kommen allen zwee aus Portugal. Kenne geléiert hunn si sech awer virun e puer Joer zu Amsterdam. Iert si dann ee Klarinette-Piano-Duo gi sinn, hunn si Futtballmatcher zesumme gespillt. "De Futtball war fir d'éischt, an et huet zanter dem Ufank einfach gematcht tëscht eis zwee", seet de Carlos Ferreira.
Aktuell ass den Duo op Concertstournée an Europa wéinst der Serie "Rising Star" vun der ECHO (European Concert Hall Organization), a nom leschte Concert zu Porto ass de nächste Stopp den Dënschden, 20. Mee an der Philharmonie um Kierchbierg.
Am Gespréich mam Marie Schockmel verréit de Carlos Ferreira méi, iwwert hiert Kenneléieren an och iwwer de Programm, deen e Mix aus Schumann, Debussy, an och méi neie Wierker ass. Mat dobäi ass och eng eege Kompositioun vum Pianist, déi hien extra fir de Klarinettist geschriwwen huet.