Viru knapps zéng Joer hu sech déi plastesch Kënschtler Nora Wagner a Romain Simian zu Lëtzebuerg an en Auto gesat, a si mat wéineg Sak a Pak duerch Ost-Europa gejauft. Do wou si spontan stoe bliwwe sinn, hu si experimentell Konschtprojeten duerchgeféiert. Zejoert huet d’Nora Wagner dës Iddi nei opgegraff, fir se zu Fouss duerch d’Groussregioun weiderzeféieren. Och déi Kéier goung et ëm d’Potential vu kollektiver Kreativitéit, spontane Renconteren, d’Zesummenerliewen. Nach bis de Sonndeg ginn d’Resultater dovunner als Konschtexpo an der Saarbrécker Stadtgalerie gewisen. D’Kerstin Thalau war kucken an huet fir d’Nora Wagner an de Studio invitéiert.