D’Musek vun Haut begleet de Perkussionist Guy Frisch all Dag an dominéiert net nëmme säi Liewen als Museker mee och als Direkter vum Ensembel fir Nei Musek United Instruments of Lucilin. Wéi et dozou koum, a wat hien dodru faszinéiert, erzielt hien dem Pit Brosius am neien Episod vum Podcast "Hanner den Téin".
Episod 4 lauschteren
Alles ronderëm déi nei Musek
Als Dirigent huet de Pit Brosius vill Kontakt mat Neier Musek a gëtt ëmmer erëm a spannend Gespréicher mat Museker:innen verwéckelt. Am Podcast “Hanner den Téin” stellt hien dës perséinlech Diskussiounen an Anekdoten - déi normalerweis soss keen héiert - eemol de Mount an de Mëttelpunkt.