“La Merde”: esou den Titel vun der immersiver Videoinstallatioun, mat der d’Aline Bouvy Lëtzebuerg op der renomméierter Biennale vu Venedeg vertriede wäert. Et geet ëm gesellschaftlech Normen, Tabuen, Fluiden, d’Schimmt, d’Perceptioun vum Aneren, Inclusioun an Exklusioun. Gëschter hate mir iech Extraite vun der offizieller Presentatioun am Kulturministère proposéiert: dee Beitrag fannt dir op eisem Site. Momentan schaffen Aline Bouvy a Co um Montage vum Film, dozou momentan also nach näischt Konkretes; d’Kerstin Thalau wollt iech dowéinst d’Aline Bouvy an hier Curatrice fir Venedeg, d’Stilbé Schroeder vum Casino, e wéineg méi no bréngen.