Wat leeft? Do dréit der Kënschtlerin Su-Mei Tsé hir Klangskulptur, eng Aart Luuchte-Karussell, an der aler Kierch Saint-Laurent zu Dikrech hir Ronnen; fält dem Michel Majerus säin Tableau “Halbzeit”, zum Theema hypermediatiséiert Konsumkultur, am Luxembourg Learning Centre um Belval op. Tja, de Mudam deelt seng Bonbone mat der Bevëlkerung, dëst am Kontext vu sengem 20. Gebuertsdag. Zwielef Wierker aus der Mudam-Sammlung si momentan duerch zwielef Kantonen “on tour”, sinn a lokale Muséeën, Administratiounen, Bibliothéiken, Kulturzentren ze gesinn. D’Kerstin Thalau ass vun der Bettina Steinbrügge, Directrice vum Mudam, méi gewuer ginn.