Dir kennt Vangelis? Wéi wier et dann elo mat Vargelis: deen éischten hat musikalesch fir Feier gesuergt, den Nicholas Vargelis réckelt Situatiounen an dat richtegt Feier, besser: Liicht. Momentan zum Beispill duerch seng Luucht-Installatioune bei der Expo “Boogie” am Casino an der Ënneschtgaass. Konscht ouni Faarf a Pinsel, mee quasi just mam Schäi vun ale Luuchtenampullen? An dat en plus an enger Expo, déi als rhythmescht Experiment geduecht an deemno ni d’selwecht ass? D’Kerstin Thalau huet d’Boogie-Curatrice Stilbé Schroeder an de Studio invitéiert, fir Liicht an d’Däischtert ze bréngen.