Dëse Weekend feiert de Kulturhuef zu Gréiwemaacher säi 25. Gebuertsdag. Dir sidd natierlech alleguerten invitéiert! D'Ekipp proposéiert Visitten an hirem Dréckerei-Musée, e Lego-Print-Atelier fir Erwuessener, Kreativworkshoppe fir Kanner, Liesunge mat der Christiane Kremer a méi. Haut den Owend ass d'Seance académique mat festem Programm. Wat opfält, ass, datt dee ganz am Zeeche vun den hausinterne Kënschtlerresidenze steet. Den Invitéë ginn net nëmmen déi zwee lescht Participante presentéiert, an enger Konferenz gëtt de Phenomeen Kënschtlerresidenz, souzesoen als Häerzstéck vun der Programmatioun, och wëssenschaftlech auserneegeholl. D'Kerstin Thalau ass vun der Coordinatrice Monika Jakobs gewuer ginn, firwat.