Konferenzen

Histoire des Médias au Luxembourg


Listen Later

Yves Steichen (am Hannergrond de Jean Octave 1982 an der Emissioun Hei Elei Kuck Elei op RTL, déi eemol d'Woch sonndes koum) © Carlo Link
Zur Geschicht vu Radio an Televisioun zu Lëtzebuerg: 
Als éischt muss een tëschent dem RTL Group (fréier CLR/CLT) a RTL Lëtzebuerg mat de Sendere RTL Radio Lëtzebuerg a RTL Télé Lëtzebuerg, déi zum RTL Group gehéieren, ënnerscheeden. D'Privatentreprise CLR/CLT kritt 1930 déi staatlech Konzessioun (an den de facto Monopol), fir vu Lëtzebuerg aus eng Radio Gesellschaft ze bedreiwen, zu där vun 1959 (Radio) resp. 1969 (Tëlee) un och déi zwee eenzeg lëtzebuergesch Programmer gehéieren. Bis ufanks den 90er Jore gouf et also just zwee lëtzebuergesch Senderen hei am Land. 1991 ännert sech dat duerch d'Liberaliséierung vun de Frequenzen  - de Monopol gëtt opgebrach an nei Senderen entstinn.
Richteg interessant gëtt et 1929 - also relativ spéit, wann ee bedenkt, datt de Radio als Kommunikatiounsmedie schonn zanter de fréien 20er Jore verbreet ass. Déi lëtzebuergesch Regierung huet de kommerziellen Interessi erkannt, zu Lëtzebuerg e Radiosender respektiv eng Radio Gesellschaft entstoen ze loossen a beschléisst e Gesetz, dat d'Situatioun reguléiere soll a virgesäit, datt d'Schafung vun engem neie Radiosender zu Lëtzebuerg eng Autorisatioun vun der Regierung brauch. Engersäits wëllt een international net à l'Ecart stoen a sech dëse Maart mat enger neier Source de Revenu net entgoe loossen, anerersäits gesäit een awer och nach kee Besoin fir e lëtzebuergeschen Nationalsender.
Dat, wat een also erlaabt, ass d'Schafung vun enger internationaler Gesellschaft (mat haaptsächlech franséischem Kapital) zu Lëtzebuerg, déi vu Lëtzebuerg aus an Europa senden däerf - mat virgeschriwwener Neutralitéit. Doduerch entsteet eng win-win-Situatioun: D'Lëtzebuerger Regierung muss keng Suen ausgi fir den Opbau vun enger Radiostatioun, kann awer Steiere kasséieren.
( ..... )
1991 - Gesetz zur Liberaliséierung vun de Radiosfrequenzen -
Mam Gesetz zur Liberaliséierung vun de Radiosfrequenze verléiert RTL säi Monopol. Privat wéi ëffentlech-rechtlech Sender kënnen elo entstoen. Als Beispill sief den 100komma7 genannt, en ëffentlech-rechtleche Sender mat soziokulturellem Schwéierpunkt , entstanen op Initiativ vun der Regierung. De "Papp" vum 100komma7 (deemools: De soziokulturelle Radio) ass de Kulturminister Robert Krieps. D'Iddi vun engem Kultur-Radio, dee vum Staat bezuelt gëtt, ass e wichtegt Instrument fir d'Stimuléierung vun der kultureller Produktioun.
Weider nei Sendere sinn den DNR (Den neie Radio) als Alternativ zu RTL, den Eldoradio als Sender fir déi Jonk, de scho genannte Radio Ara, deen nieft Lëtzebuergesch och op Englesch sent, a Radio Latina, dee fir déi portugisesch Matbierger Emissiounen op Portugisesch huet.
Éischte Logo vum soziokulturelle Radio - honnert,7 
D'Konferenz vum Yves Steichen, Historiker am Departement fir Film-TV vum Centre National de l'Audiovisuel (CNA), déi mat villen Extraiten aus audiovisuellen Dokumenter aus den CNA Fonge gepräägt war, hat en Iwwerbléck iwwer d'Evolutioun vun der Geschicht vu Radio an Tëlee zu Lëtzebuerg ginn.
Presentatioun a Montage: Carlo Link
Audio-Dokoment 1: Radio Luxembourg 1. Deel - Patch-Radio 2003 Vun der Association Radio-Luxembourg vum François Anen um Speicher an der Beaumontsgass, bis bei déi gréissten Radio- an Televisiouns-Statioun an Europa [Archiven: CLT-UFA / CNA, Produktioun: Radio 100,7 - Carlo Link].
Audio-Dokument 2: Télé Luxembourg Audio-Extraitë aus dem Film vum Andy Bausch vun 2005 Télé Luxembourg - 50 ans [RTL Group / CLT-UFA / CNA].
Audio-Dokument 3: Hei Elei, Kuck Elei 1. / 2. Deel - Patch-Radio 2009  Geschicht vun der éischter Televisiounsemissioun a Lëtzbuerger Sprooch, 1969 [Archiven: CLT-UFA / CNA, Produktioun: Radio 100,7 - Carlo Link].
Déi detailléiert Radio- an Tëleesgeschicht hei op Kulturgeschicht.Lu: https://www.kulturgeschicht.lu/taxonomy/term/29#6
Rotondes Explorations Culturelles: https://www.rotondes.lu/fr/agenda/histoire-des-medias-au-luxembourg-radio-et-television-aux-20e-et-21e-siecles
Resumé vun der Konferenz:
...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

KonferenzenBy radio 100,7


More shows like Konferenzen

View all
Kultur by radio 100,7

Kultur

0 Listeners

Panorama by radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Presserevue by radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners