De 6. Juni 1925 stierft d'Komponistin a Pianistin Josephine Schmoll, aarm wéi eng Kierchemaus an der Fondation Pescatore. Well si keng Ierwen hat a keen, dee sech ëm hire Nolass gekëmmert huet, geréit si a Vergiessenheet. Mëttlerweil gëtt si dacks als déi “alleréischte Lëtzebuerger Komponistin” bezeechent. Am Gespréich mam Marie Trussart erzielt d'Musekswëssenschaftlerin Danielle Roster, wéi d'Komponistin erëmentdeckt gouf, a wéi engem historesche Kontext d'Josephine Schmoll gelieft a komponéiert huet, op wéi eng Erausfuerderunge si gestouss ass an ob si wierklech déi alleréischt Lëtzebuerger Komponistin war.