Wien oder wat ass ideal fir e “Reality Check”? Fir d’Ekipp vun der Escher Konschthal natierlech d’Konscht. Bis de Sonndeg inclus presentéiert si an enger Gruppenexpo eng hallef Dose Kënschtler:innen, déi konkret Realitéiten op hir Manéier mat, gréisstendeels, der Konschtfotografie iwwersetzen. Dorënner och dräi Lëtzebuerger:innen: d’Séverine Peiffer, déi mam Nass-Kollodium schafft, engem Procédé aus dem 19. Joerhonnert; de Marc Schroeder, Ex-Banquier, mat sengem perséinlechen Temoignage iwwer 40 Deportéierten aus Transsylvanien, déi ënner dem Stalin d’UDSSR mat rekonstruéiere sollten; an d’Foto- a Filmkënschtlerin Birgit Ludwig mat hirem Fotojournal “Antidotes”. D’Kerstin Thalau ass vun hir méi iwwer Gëft e Géigegëft gewuer ginn.