Wa vun grousse Schrëftsteller riets geet, da kënnt ee sécher net derlaanscht un de Franz Kafka ze denken, a besonnesch haut wou den tschecheschen Auteur säin 135. Gebuertsdag gefeiert hätt. De Franz Kafka ass den 3 Juli 1883 zu Prag op d'Welt komm, an en ass den 3 Juni 1924 gestuerwen. De Kafka huet ouni Zweifel d'Literatur an d'Welt vun der Kultur markéiert. De Kafka huet scho vun onperséinlecher Bürokratie geschriwwe, éier et se iwwerhaapt gouf. De Kafka huet iwwert den Eekel vun totalitäre Régimer geschriwwen, éier d'Leit dru geduecht hunn. De Franz Kafka war ee psychologesche Schrëftsteller, deen aus sengen eegenen Déiften, dem Onbewosste geschriwwen huet.