Konferenzen

Kulturgeschicht Lëtzebuerg - vun de 50er bis haut (1)


Listen Later

Zur éischter Konferenz an dësem Kader vun der Marie-Paule Jungblut, UNI Lëtzebuerg: Wat d'Heemecht ass, dat froen s'oft - Heemecht als Allegorie vun Identitéit?
Et kënnt ee mengen, datt an engem multikulturelle Land wéi Lëtzebuerg, an deem méi wéi 50 Prozent Auslänner liewen, Heemecht ausser Moud komm wier. Dat ass awer net de Fall. De Begrëff gëtt zwar hautdesdaags net ëmmer explizitt gebraucht, awer e schwéngt dacks an aneren Thematike mat, z. B. wann iwwer de Stellewäert vun der Lëtzebuerger Sprooch rieds geet.
Mee net nëmme Lëtzebuerg kennt d'Heemecht, och an de Länner ronderëm Lëtzebuerg hunn d'Leit en Doheem. Am Virtrag soll dowéinst fir d'éischt emol an historescher Perspektiv gekuckt ginn, wat eis Lëtzebuerger Heemecht mat der franséischer, der wallounescher an der däitscher gemeinsam huet a wat se dovunner ënnerscheet. Et soll gewise ginn, wat fir Biller vun der jeeweileger Heemecht Muséeë vum Éislek iwwer d'Musel bis an de Minett entwerfen, wéi se dobäi virginn, wat dat iwwer déi Muséeën ausseet an u wie sech déi Responsabel riichten.
An engem leschten Deel soll dann d'Fro gestallt ginn, ob a wéi de Lëtzebuerger an de frieme Musées-Visiteuren hir Virstellunge vun der typescher Lëtzebuerger Heemecht vun den Ausstellunge beaflosst ginn.
Opgeholl den 23. September am CAPE - Centre des Arts Pluriels Ettelbruck a verschafft vum Carlo Link.
Marie-Paule Jungblut, UNI Lëtzebuerg © Carlo Link
De Konferenzzyklus: "Kulturgeschicht Lëtzebuerg - vun de 50er bis haut", organiséiert vum CAPE an Zesummenaarbecht mam Institut fir lëtzebuergesch Sprooch- a Literaturwëssenschaft an de Fuerscher vun der Geeschteswëssenschaftlecher Fakultéit vun der Uni Lëtzebuerg, dem Centre national de littérature (CNL) an dem Centre national de l'audiovisuel (CNA), gëtt e breeden Abléck an d'Geschicht vun der Kultur zu Lëtzebuerg vun de 50er Jore bis haut. Ausgangspunkt ass en oppene Kulturbegrëff, dee sech net just op Héichkultur beschränkt, mee dee Kultur souwuel als materiell Artefakten (Biller, Texter, Museksstécker, etc.) wéi och als Aktivitéiten, Ritualer, Traditiounen a Wësse versteet, féieren déi eenzel Konferenzen an d'Sozialgeschicht an an informéieren iwwer d'Entwécklungen an d'Roll vun de Muséeën, der Sprooch, der Literatur, dem Cabaret, der populärer Musek an dem Musekswiesen, der zäitgenëssescher Konscht an der Press.
https://www.cape.lu/fr/1/home.html
Museksextrait am Ufank vun der Emissioun: "Wat d'Heemecht ass, dat froen s'oft" - Text: Michel Lentz, Musek: Edouard Lentz (Fils) - Chorale Municipale Ons Heemecht Péiténg, Direktioun: Jean-Pierre Kemmer, vum Disk: "Trei zur Heemecht".
...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

KonferenzenBy radio 100,7


More shows like Konferenzen

View all
Panorama by radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Presserevue by radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Invité:e vum Dag by radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Kultur by radio 100,7

Kultur

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Europa Aktuell by radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Um Bols by radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Den Hallwer Néng by radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Seismograph by radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Philo am Gespréich by radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Level up by radio 100,7

Level up

0 Listeners

Moiesstudio by radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners

Zeenewiessel by radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners