Konferenzen

Kulturgeschicht Lëtzebuerg - vun de 50er bis haut (7)


Listen Later

Fabienne Gilbertz © Carlo Link
Am Discours iwwer d'Lëtzebuerger Literatur ginn d'1980er Joren dacks als Zäsur beschriwwen. An där Zäit verännert sech de Literaturbetrib tatsächlech bannent wéinege Jore grondleeënd: Mat den Editions Guy Binsfeld, den Editions Phi an den Editions Op der Lay ginn déi éischt literaresch Verlager gegrënnt, Auteure wéi de Guy Rewenig an de Roger Manderscheid entwéckelen de Genre vum Neie Lëtzebuerger Roman a liwweren domat wichteg Impulser fir d'Entwécklung vum Lëtzebuergeschen als Literatursprooch, a mam Lëtzebuerger Schrëftstellerverband entsteet eng Auteursgewerkschaft, déi sech fir d'Unerkennung vum literaresche Schreiwen als Beruff a fir d'Rechter vum Lëtzebuerger Auteur asetzt.
An dësem Virtrag gëtt no den Urspréng vun dëse literareschen an institutionelle Verännerunge gefrot. Et gëtt ënnersicht, wéi sech de Literaturbetrib nom Zweete Weltkrich an am Zesummenhang mat de gesellschaftlechen Evolutioune vun där Zäit entwéckelt (68er- a Fraebeweegung, Bedeitungsverloscht vun der kathoulescher Kierch, sozialpolitesch Reformen etc.). Dofir gi verschidden Elementer vum Literaturbetrib méi genee analyséiert: Literaresch Zäitschrëften a Publikatiounsserien, d'Grënnung vun onofhängegen Theaterensembelen, Veranstaltunge wéi d'Munnerefer Dichterdeeg an d'Konsdrefer Scheieren, Gruppéierunge wéi Impuls an de lochness-Verlag a gewerkschaftlech Strukturen wéi d'Lëtzebuerger Konschtgewerkschaft.
Et kann dobäi gewise ginn, datt d'Entwécklung vum Literaturbetrib op dräi zesummenhänkend Niveauen ofleeft: Éischtens kann an de literareschen Texter eng Beweegung fort vun der sougenannter Heimatliteratur hin zu enger engagéierter an experimenteller Literatur observéiert ginn, zweetens kënnt et, strukturell gesinn, zu der Grënnung vun alternativen, politesch onofhängeg a kënschtleresch oppenen Institutiounen, a schliisslech verännert sech och d'Selbstbild an d'Selbstbewosstsi vun de Lëtzebuerger Auteuren.
Ee Virtrag vun der Fabienne Gilbertz (Institut National des Langues - INL), opgeholl den 9. Mäerz am CAPE zu Ettelbréck a verschaff vum Carlo Link.
- Audio-File : Analys 3. Beräich - Veranstaltungs-Formater, Auteurs-Kollektiver a Gewerkschaften
- Dokteraarbecht vum Fabienne Gilbertz, erauskomm am Winterverlag: https://www.winter-verlag.de/de/detail/978-3-8253-7884-4/Gilbertz_Wortproduzenten_PDF/
- CAPE - Centre des Arts Pluriels d'Ettelbruck: https://www.cape.lu/fr/home/1/home.html
...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

KonferenzenBy radio 100,7


More shows like Konferenzen

View all
Kultur by radio 100,7

Kultur

0 Listeners

Panorama by radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Presserevue by radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners