"to beam in distant heavens..." ass den Titel vum Georges Lentz sengem éischte Concerto fir Gei. De Lëtzebuerger Komponist lieft zanter 1990 an Australien a kritt vill Iddie fir seng Kompositioune wärend hien Zäit an der australescher Wüst verbréngt. Fir säi spirituell an astronomesch ugehauchte Geieconcerto huet hien sech vill vum Stärenhimmel am australeschen "Outback" inspiréiere gelooss. 2018 hat déi däitsch Geiistin Arabella Steinbacher hie gefrot, fir e Geieconcerto fir si ze komponéieren. 2023 war dann d'Uropféierung zu Sydney an déi europäesch Uropféierung war hei am Land mat de Lëtzebuerger Philharmoniker an der Philharmonie.
Elo hunn d'Lëtzebuerger Philharmoniker zesumme mat der Arabella Steinbacher een Album mat deem Geieconcerto erausbruecht. De Lëtzebuerger Komponist verréit méi am Gespréich mam Marie Schockmel.