Chrëschtdag ënner dem Ceauşescu, ee Suizid via en Heizkierper an hollänneschen Nationalismus aus der Perspektiv vu Geflüchteter: Am Bogdan Mureşano sengem "The New Year That Never Came" geet et ëm Ënnerdréckung a Revolutioun am Rumänie vun 1989, dem Radu Jude säi "Kontinental 25" bleift op der nämmlechter Plaz, mee mécht een zäitleche Sprong no vir, fir ze weisen, datt et sech och am kapitalistesche Rumänien net ëmmer wansinneg gutt lieft - a am autobiografeschen Dokumentarfilm "Home Game" suivéiere mir der Lidija Zelovic hir Flucht aus Sarajevo an en Holland, dat no an no méi rietsextreem gëtt: Eise Weekend um LuxFilmFest war geographesch relativ homogen, huet awer eng ganz Rëtsch vu verschiddenaartegen Theemen opgegraff.