D’Philharmonie huet zënter 2022 en eegenen Amateursorchester. Deen nennt sech Orchestre Place de l’Europe. Den Amateursorchester vum Konzerthaus Berlin nennt sech Publikumsorchester. Wat déi zwee Orchestere matenee verbënnt, sinn hir Dirigenten. De Benjamin Schäfer vum Lëtzebuerger Orchester an den Dirk Wucherpfennig vum däitschen Orchester sinn nämlech allen 2 Perkussionisten a kenne sech vun hirer gemeinsamer Zäit beim Festival Orchester zu Luzern. Doduerch koum d’Iddi op fir en Austausch mat béiden Orchesteren ze maachen. E Projet, bei deem ronn 120 Instrumentalisten op der Bün stinn. Virleschte Sonndeg koumen déi däitsch Museker:innen op Lëtzebuerg an d’Philharmonie. Gëschter Owend (7.7.) war dann de leschte Concert vun dësem Austausch, an zwar am Konzerthaus Berlin, wat deen éischte Concert am Ausland erméiglecht huet fir den Orchestre Place de l’Europe. De Christophe Mirkes huet d’Museker:innne vu Lëtzebuerg am Konzerthaus bei der Generalprouf besicht.