Ee Roman, deen net méi provokant kéint sinn - a quasi eng Zort Pamphlet géint de Geescht vum politesch Korrekten duerstellt: Zwanzeg Joer no “Mammifères”, dem Enfant Terrible Pierre Mérot sengem grousse literareschen Erfolleg, verëffentlecht Rivages “Mammifères II”, an deem mir dem gehässegen Oncle mat zwanzeg Joer méi um Bockel erëm begéinen. Den Zynismus an d’sexuell Misär vum heterosexuelle Mann, déi virun 20 Joer, matten am Houellebecq-Boom, ganz den Nerv vun der Zäit getraff hunn, sinn haut iwwerlieft. Mee grad doraus mécht de Pierre Mérot eng Stäerkt - a verëffentlecht, esou fënnt de Jeff Schinker, een erfrëschende Roman iwwer eng net méi ganz frësch Figur.