Fir hir 20 Joer ze feieren huet d’Rockhal eis de 24. September mat op eng Rees duerch d’Museksgeschicht vu Lëtzebuerg geholl – an Deeler vu Bands optriede gelooss, déi et guer net méi gëtt. An de kommende Wochen ënnerhält sech de Jeff Schinker mat enger ganzer Rei vu Bands, déi Lëtzebuerger Museksgeschicht geschriwwen hunn - an zeechent domat ee Portrait vun enger Zeen zur Joerdausendwend, virun oder wärend den Ufäng vu music:LX. No Monophona ass et un der Kultband Defdump. An der véierter Episod erwäänt de Pascal Useldinger d'Professionaliséierung vu senger Band an erkläert, wisou Musek, esou bal se op CD oder Plack gepresst gëtt, zum Produit gëtt - an et deem Produit net anescht ergeet wéi enger Zort Kéis.