Fir hir 20 Joer ze feieren huet d’Rockhal eis de 24. September mat op eng Rees duerch d’Museksgeschicht vu Lëtzebuerg geholl - an Deeler vu Bands optriede gelooss, déi et guer net méi gëtt. Zanter der Rentrée ënnerhält sech de Jeff Schinker mat enger ganzer Rei vu Bands, déi Lëtzebuerger Museksgeschicht geschriwwen hunn - an zeechent domat ee Portrait vun enger Zeen zur Joerdausendwend, virun oder wärend den Ufäng vu music:LX.
No Monophona, Defdump an Inborn ass et un der Band Eternal Tango, fir iwwer hir Bandgeschicht ze schwätzen. Am éischten Episod verroden eis den Tom Gatti an den David Moreira, wéi si zur Band gestouss sinn - a wisou si quasi eng 15 Joer an der Kufa gelieft hunn.