Fir hir 20 Joer ze feieren huet d’Rockhal eis de 24. September mat op eng Rees duerch d’Museksgeschicht vu Lëtzebuerg geholl - an Deeler vu Bands optriede gelooss, déi et guer net méi gëtt. Zanter der Rentrée ënnerhält sech de Jeff Schinker mat enger ganzer Rei vu Bands, déi Lëtzebuerger Museksgeschicht geschriwwen hunn - an zeechent domat ee Portrait vun enger Zeen zur Joerdausendwend, virun oder wärend den Ufäng vu music:LX.
No Monophona, Defdump an Inborn ass et un der Band Eternal Tango, fir iwwer hir Bandgeschicht ze schwätzen. Am drëtten Episod verroden den Tom Gatti an den David Moreira, wéi et zu den Opname vun hirem groussen Erfollegsalbum "Welcome to the Golden City" koum - a wéi et fir ee vun hiren zwee Managere méiglech war, op enger Autobunnsraststätt ze verschwannen.