Fir hir 20 Joer ze feieren huet d’Rockhal eis de 24. September mat op eng Rees duerch d’Museksgeschicht vu Lëtzebuerg geholl - an Deeler vu Bands optriede gelooss, déi et guer net méi gëtt. Zanter der Rentrée ënnerhält sech de Jeff Schinker mat enger ganzer Rei vu Bands, déi Lëtzebuerger Museksgeschicht geschriwwen hunn - an zeechent domat ee Portrait vun enger Zeen zur Joerdausendwend, virun oder wärend den Ufäng vu music:LX. No Monophona an Defdump ass et un der Band Inborn, déi deemools hiren drëtten Album mat kengem anere wéi dem Starproduzent Ross Robinson zu L.A. opgeholl haten. An der éischter Episod verréit de Cédric Kayser awer als éischt eemol, wéi d'Band sech gegrënnt huet - a wéi si dem Norde vum Land kulturell belieft hunn.