Fir hir 20 Joer ze feieren huet d’Rockhal eis de 24. September mat op eng Rees duerch d’Museksgeschicht vu Lëtzebuerg geholl - an Deeler vu Bands optriede gelooss, déi et guer net méi gëtt. Zanter der Rentrée ënnerhält sech de Jeff Schinker mat enger ganzer Rei vu Bands, déi Lëtzebuerger Museksgeschicht geschriwwen hunn - an zeechent domat ee Portrait vun enger Zeen zur Joerdausendwend, virun oder wärend den Ufäng vu music:LX. No Monophona an Defdump ass et un der Band Inborn, déi deemools hiren drëtten Album mat kengem anere wéi dem Starproduzent Ross Robinson zu L.A. opgeholl haten. Am véierten Episod erkläert de Cédric Kayser, wisou sech d'Band eng Zäit nom Duerchbrochalbum "Persona" opgeléist huet.