A sengem Wierk "Die Schlange im Wolfspelz. Das Geheimnis großer Literatur" setzt sech den däitsche Literaturkritiker, Germanist a Schrëftsteller Michael Maar mam Geheimnis vum gudde Stil auseneen a geheit d'Fro op, wéi aus der Sprooch Literatur gëtt. Hien huet hei 50 däitschsproocheg AutorInnen ausgewielt an eng Rees vun der Vergaangenheet bis an d'Géigewaart ënnerholl fir mat ganz vill Humor des Froen ëmmer erëm ze stellen. De Michael Maar war kierzlech Invité am Institut Pierre Werner a bei dëser Gelegenheet huet d'Valerija Berdi mat him iwwer säi literarescht Schaffe geschwat.