"Einheit, Freiheit, Vielfalt" - dat ass de Motto vun de Musikfestspiele Saar 2025. Déi ganz Editioun steet ënnert dem Zeeche vun Europa, an dofir war den éischte Concert och de 9. Mee um Europadag zu Berlin. Bis Enn Juni gëtt et nach eng Rëtsch un diverse klasseschen an experimentelle Concerten. Nieft lokale Museker:innen an Ensembele kommen och weltbekannter dofir an d'Saarland. Dorënner sinn den Diotima Quartett an déi jonk Dänzercompagnie "Junior Ballet de l'Opéra de Paris".
Net nëmmen de Museksprogramm ass ganz faarweg, mee och d'Concertsplazen. Nieft ville groussen a klenge Kierche geet et iwwer enger ganz normaler Garage zu Saarbrécken bis an de Saarlännesche Staatstheater an den Theater am Ring zu Saarlouis.
Op der Affiche stinn awer och méi innovativ Formater, wéi eng Kulturrees vun e puer Deeg an d'Stad Chemnitz, an een Dag op deem ee ganz vill Concerten a Caféen zu Saarbrécken genéisse kann.
D'Eva Behr, kënschtleresch Leederin vum Festival, verréit méi am Gespréich mam Marie Schockmel.