"Deep Veil" ass den Titel vum Wierk, wat d'Suzan Noesen speziell fir d'CeCiL's Box an der Paschtoueschgaass konzipéiert huet. Et ass eng Reproduktioun vun engem handentwéckelte 16mm Film, deen op e semi-transparente Stoff gedréckt gouf. Drop ze gesinn ass eng stättesch Fassade, iwwert där een intensive rosa Faarfschleier läit. An dat Ganzt kennt mat enger Iwwerraschung: Geet een Owes laanscht d'Wierk, gesäit een en zweet Bild, dat duerch dat éischt duerchschéngt. Ee Spill mat der Luucht, wat awer och seng Risike mat sech dréit. D'Lori Dauphin huet am Interview mat der Kënschtlerin iwwert den Hannergrond vun "Deep Veil" geschwat.