A wéi enger Welt wëlle mir muer liewen? Déi Escher Kulturplattform Elektron presentéiert momentan am Escher Centre Mercure siwe Kënschtler:innen, déi sech mat dësem Sujet, mat Hëllef vun digitale Medien, befaassen. "Hybrid Futures" ass hir Expo iwwerschriwwen. Dat, well fir déi meescht d'Trennung tëschent Natur an Technologie net méi wierklech existéiert: béid Beräicher wieren net just matenee verbonnen, mee géife sech och géigesäiteg konstruktiv beaflossen. "Fir déi meescht"? Jo, well ee vun hinnen ass net esou ganz där Meenung: d'Kerstin Thalau huet sech am Centre Mercure mam Kënschtler a Gäertner Bruce Eesly ënnerhalen.