A wéi enger Welt wëlle mir muer liewen? Déi Escher Kulturplattform Elektron presentéiert bis den 9. September am, a baussent dem Escher Centre Mercure, Konschtwierker, déi sech mat dësem Sujet, mat Hëllef vun digitale Medien, befaassen. Dat, well d‘Trennung tëschent Natur an Technologie ëmmer méi duerchlässeg gëtt. Do ass zum Beispill dem Berliner Bruce Eesly seng Affichë-Serie “New Farmer“. Zejoert hat de Kënschtler a Gäertner déi op de renomméierte Rencontres de la photo vun Arles presentéiert. Elo kënnt Dir se zu Esch entdecken. D‘Kerstin Thalau am Gespréich mam Bruce Eesly