Histoire de la violence: Vläicht hat sech den Edouard Louis deemools net geduecht, dass den Titel vu sengem vum Ostermaier fir d’Bün adaptéierte Roman eng Zort Paradigmewiessel am Theater géif annoncéieren: Kaum ass Mémoire de fille, eng Adaptéierung vun engem Roman vun der Annie Ernaux iwwert sexuell Gewalt, am Kapuzinertheater ausgelaf, steet dat nächst Stéck an de Startlächer, an deem Gewalt een Haaptthema ass. An Les voleurs d’amour geet et em eng scho bal hyperbolesch brutal Elterekoppel, déi hir dräi Kanner an eng Spiral vu Gewalt aspären – an ëm d’Fro, wéi ee sech aus där Hell befreie kann. Den Auteur vum Stéck – oder ass et een Dréibuch –Nicolas Steil, de Metteur en scène Frank Hoffmann an d’Schauspillerin Clara Hertz si beim Jeff Schinker am Studio fir ee Gespréich.