Den 1987 gebuerenen Auteur Pascal Richmann huet am Hierscht 2017 säin Debüt bei Hanser virgeluecht: "Über Deutschland, über alles". Et ass eng onkonventionnel Mëschung aus Essay, Reportage, Roman a soziologescher Etüd. All dës Genrë ginn ugezaapt, fir eng Fro ze beäntweren: Wéi eng Mentalitéiten herrsche grad an Däitschland? An op wéi eng Manéier si vill Rhetoriken, Meenungen an Aktioune vun haut just Aktualiséierunge vun historeschen Entwécklungen, vun anti-semiteschen, faschisteschen an autoritären Iddien? Eng intellektuell Spuresich, déi an engem séieren, schnoddregen Toun verzielt gëtt. De Samuel Hamen huet d'Buch gelies.