Wëllkomm an der Poterkëscht!
Haut lauschtere mir zwee Dialoger (Niveau A2.1) op ëffentleche Plazen. Fir d’éischt si mir am Restaurant an duerno op der Bank. 
Vill Spaass beim Nolauschteren! 
Client & Cliente: Gudden Owend!
Client: Kéinte mir d’Menüskaart kréien, wannechgelift?
Serveur: Gudden Owend! Jo, natierlech. Hei ass se.
Client: Merci. Wat kënnt Dir eis recommandéieren?
Serveur: Eis Pizzae si ganz beléift. Mir hunn awer och hausgemaachten Nuddelen. Oder hätt dir léiwer gär e Bifdeck?
Client: Nee, fir mech kee Fleesch, ech si Vegetarier. Dann huelen ech eng Pizza. Mat Oliven a Champignonen, wannechgelift.
Serveur: Eng Pizza mat Oliven a Champignonen… dat ass notéiert. A fir Iech, Madamm?
Cliente: Ech hätt gär eng Portioun Spaghetti Carbonara. Déi hat ech schonn e puer Mol hei, se ass wierklech exzellent, wéi an Italien!
Serveur: An eemol Spaghetti Carbonara… Gudde Choix! Hätt dir och gär eng kleng Zalot dobäi?
Cliente: Jo, gär! Mee ouni Nëss, wannechgelift, ech sinn dorop allergesch!
Serveur: Kee Problem, ech soen der Kiche Bescheed. A fir ze drénken?
Client: Fir mech e Spruddelwaasser, wannechgelift.
Serveur: E Spruddelwaasser… Kleng oder grouss?
Client: Grouss! Mir deelen eis eng Fläsch, oder?
Cliente: Jo! Ech huelen awer och nach eng Kippchen als Aperitif, wannechgelift.
Serveur: E grousst Spruddelwaasser an eng Kippchen… Tipptopp! Ech bréngen Iech d’Gedrénks direkt.
Client: Bonjour! Ech géif gär e Kont opmaachen. Sinn ech hei richteg?
Employée: Gudde Mëtteg! Jo, huelt iech Plaz, wannechgelift. Wësst Dir schonn, wat fir e Kont Dir gär opmaache géift?
Client: Jo, ech denken, e ganz normale Compte courant geet fir de Moment duer.
Employée: An der Rei. Dofir bräicht ech e puer Dokumenter. Hutt Dir Är Carte d’identité dobäi?
Client: Jo, ee Moment … Hei ass se.
Employée: Villmools Merci. Hutt dir och e Certificat de résidence?
Client: Jo, natierlech. Hei ass en.
Employée: Perfekt. Voilà, elo musse mer just nach e Formulaire ausfëllen. Wéi ass Ären Numm, wannechgelift?
Client: Mäin Numm ass Christian Marchetti.
Employée: Wéi schreift een Äre Familljennumm?
Client: M-A-R-C-H-E-T-T-I.
Employée: Merci. Da bräicht ech och nach eng Telefonsnummer.
Client: Meng Nummer ass 00 352 621 12 23 34.
Employée: Merci. Et dauert elo Moment, bis Äre Kont op ass. Dir kritt Är Bankomatskaart an Äre PIN-Code an e puer Deeg mat der Post heemgeschéckt. Braucht Dir och eng Kreditkaart?
Client: Nee, fir de Moment net. Mee eng Fro hunn ech nach: hunn ech och Accès op den Online-Banking?
Employée: Ech kann Iech dat fräischalten, wann Dir wëllt … Sou, et ass gemaach. Et kann awer e puer Deeg daueren, bis den Accès funktionéiert. Hutt Dir schonn en Token?
Client: Jo, an ech hunn och d’App.
Employée: Perfekt! Dir kënnt och d’Gratis-App vun eiser Bank eroflueden, da kënnt dir ëmmer an iwwerall ganz einfach Accès op Äre Kont hunn an och ënnerwee Viremente maachen.
Client: Dat ass praktesch, dat maachen ech. Merci fir Är Hëllef!
Employée: Service. Nach e schéinen Dag!
Client: Merci gläichfalls!