Den 10. European Month of Photography, kuerz EMOP, ass mat "Rethinking photography" iwwerschriwwen. Kräiz a queesch uechter eis Kulturinstitutioune kënnt Dir vun elo u visuell Aarbechte vun internationalen an nationale Kënschtler:innen a Fotograf:innen entdecken, déi de Medium hannerfroen, an deels ganz experimentell Äntwerte ginn. An den Diddelenger Centres d'art Nei Liicht an Dominique Lang sinn Eenzelausstellunge vu Serge Ecker a Patrick Galbats opgaangen: an do dominéiert d'Fro a wéiwäit e Fotograf sech nei erfanne kann. D’Kerstin Thalau beim Expo-Hopping zu Diddeleng