Ass d’Brandmauer no riets elo definitiv gebrach? Déi Fro gëtt sech am Europaparlament gestallt - no engem Vott de Donneschdeg iwwer dat europäescht Liwwerkettegesetz.
Fir een ofgeschwächten Text vun där Direktiv huet nämlech eng Majoritéit gestëmmt, déi sech haaptsächlech aus Vertrieder:inne vun der Europäescher Vollekspartei a vu rietsen- respektiv rietsextreeme Fraktiounen zesummegesat huet.
Dat gouf et esou virdrun nach net - d’Sozialisten, déi Liberal a Gréng hunn duerno net mat Kritik gespuert - si werfen der EVP Erpressung vir. D’Partei hätt amplaz e Kompromëss an der politescher Mëtt ze sichen, bewosst mam rietse Bord zesummegeschafft. D’Danièle Weber iwwer dee Vott an doriwwer, wat dat fir d’Zukunft bedeit.