Yona a Mäna heeschen déi zwee lescht Participante vum Screaming Fields Festival, déi mir Iech dës Woch virstellen. De Festival-slash-Concours ass muer, Samschdeg, 5.7. an der Rockhal vu 6 Auer un. A fir d’Entdecke vu jonke Lëtzebuerger Talenter nëmmen net ze verpassen, huet de Marc Clement mat hinnen iwwer hir Musek an d’Participatioun um Festival geschwat. Ëmmerhi gëtt et ee Karriärs-Accompagnement vum Rocklab ze gewannen – an d’Geleeënheet, op der grousser Rockhalbün opzetrieden, wat fir déi meescht ee “First” ass. Als éischt huet de Marc mam Mäna geschwat, an um Enn déi viregt Gewënnerin Blue-Ish no hirer Erfarung mam Coaching gefrot.