Kultur

Seriekritik: Sex Explained


Listen Later

Nee, dës Serie ass kee Porno, ganz am Géigendeel. Bei der Serie "Sex Explained" geet et an de verschiddenen Episoden dorëms fir verschidde sexuell Theemen an Trends einfach a verständlech op de Punkt ze bréngen. Et ass also keng erotesch, mee éischter eng dokumentaresch a wëssenschaftlech Serie. Dëst funktionéiert duerch eng Mëschung vu Studien, déi un Hand vun Illustratiounen duergestallt ginn, Temoignagë vu Persounen, an och historeschen Dokumenter.
Wat fir sexuell Fantasien huet eis Gesellschaft? Firwat sinn ech vu gewësse Mënschen ugezunn an aneren net. Wéi kann ee verschidde Schéinheetsidealer an anere Kulturen erklären? Firwat gëtt et eng Pëll fir Fraen awer net fir Männer?
Interessant un dëser Serie sinn net nëmme Resultater aus der sexueller Wëssenschaft, déi een heiansdo verwonnere kënnen, mee och Temoignagë vu ganz ënnerschiddleche Mënschen, déi zielen, wat hinne gefält a sech net dofir schummen.
Eis Sexualitéit ass eent vun de sensibelsten an intiimsten Theemen. Et ass net ëmmer einfach fir doriwwer ze schwätzen, a scho guer net nach Froen ze stëllen iwwer Saachen, déi eis komesch erschéngen. Dës Serie bréngt et a kuerzen a gutt geschniddenen Episode fäerdeg, Wëssen iwwer eis Kierperen a sexuell Ausriichtungen urteelsfräi ze verbreeden. Et mierkt een, datt Sex eppes Natierleches ass, an et och schéi ka sinn, doriwwer ze schwätzen, well ee sech a gewëssen Aussoen erëmfënnt, oder novollzéie kann. An ze mierken, datt aner Mënsche geneesou fille wéi ee selwer, ass ëmmer e schéint Gefill. En plus, kann ee sech denken, datt an néng Méint e puer Kanner méi wéi soss op d'Welt wäerte kommen. Et lount sech also och grad elo mol eng Kéier eranzekucken.
...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

KulturBy radio 100,7


More shows like Kultur

View all
Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

2 Listeners

Panorama by radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners