Den Espace_Cultures vun der Uni Lëtzebuerg huet deen neie Konferenzzyklus TASTE lancéiert: jo, et geet souzesoen ëm schmaachen, mee TASTE steet och als Ofkierzung fir “Transforming through art, science, technology“. Invitéiert si Kreativer a Fuerscher:innen, déi interdisziplinär, eeben tëschent Konscht/Wëssenschaft/Technologie ënnerwee sinn, an hir Projeten an Erfarunge mat engem Public deele wëllen.
Am éischten Tour mat dobäi war d‘Christl Baur, d‘Directrice vum renomméierten Ars Electronica Festival zu Linz. An d‘Kerstin Thalau hat Geleeënheet der Christl Baur e puer Froen ze stellen.