"Versions des faits” erzielt d’Geschicht vun enger eelerer Koppel, déi un enger Vergëftung stierft an domat eng Gemeinschaft op d’Kopp geheit, déi no engem Schëllege sicht - an an der Persoun vun engem Aussenseiter, deen ee Bistrot an ee Gaart nees opliewe gelooss huet, och ee perfekte Responsabele fënnt. D’Nathalie Ronvaux, déi dëst Joer Hausautorin am TNL ass, huet een donkelt Stéck iwwer eng postfaktuell Welt geschriwwen, déi haut nach bal méi wéi soss hire Sündenbock braucht. Een Dag virun der Première vum Stéck am TNL huet de Jeff Schinker d’Schrëftstellerin zesumme mat der Metteuse en scène Liss Scholtes bei sech am Studio agelueden.