Et war e Schock, et war kollektiv Trauer, et war awer och d'Gebuertsstonn vun engem Mythos. Den 11. Mäerz 1978, Nomëttes um véier Auer, gouf bal op allen franséischen Televisiounschaînen an Radiostatiounen de Programm ënnerbrach mat der traureger Nouvelle: De Claude François ass dout a mat him ass deemools ee vun de populäerste franséische Chansonnieren an Entertainer verschwonnen. Muer (11.3.) sinn dat scho 40 Joer hier. Mä och no 40 Joer ass de Cloclo nach ëmmer präsent, seng Musek gëtt nach ëmmer an Discoen oder Familljefester gespillt, a jidderee kann d'Lidder mat sangen. De Jean Claude Majerus mat engem Portrait.